Dag vum Bam 2020
Am Numm vun der Ëmweltkommissioun begréissen mir iech ganz häerzlech um Dag vum Bam deen dëst Joer ënnert dem Motto „Ufank vun der Planzaktioun nom Tornado vum 9. August 2019“ leeft
Wie sou sinn des Beem sou wichteg
Beem spillen eng wichteg Roll an eisem Ekosystem. Hei e puer vun hire wichtege Funktiounen an der Stad:
Si filteren Schuedstoffer aus der Loft, absorbéieren CO2 a produzéieren Sauerstoff
Si hëllefen en agreabelt Klima ze schafen. Si ginn Fiichtegkeet an Loft of a killen do duerch Loft,
Hire Schied evitéiert, dass de Beton an Steng sech ze vill ophetzen, wat ëmsou méi hëllefräich ass an deenen waarme Summeren déi mir a leschter Zäit haten.
Et ass e Liewensraum fir Insekten a Vulle
Si absorbéieren Kaméidi wat bei eis an der Gemeng jo och eng wichteg Funktioun ass