background background

Käerjeng

Budget 2021

Klimapakt

Vun de Recetten, déi duerch de Klimapakt an de Gemengebudget agefloss sinn, sinn am Joer 2020 duebel sou vill Subventiounen un Bierger bezuelt gi wei am Joer virdrun, wat sécherlech och duerch eng periodesch Sensibiliséierung vun de Bierger an duerch d’Ausschaffen vun enger Emweltcharta fir Bierger kënnt. Am Joer 2019, wou keng Sensibiliséierungscampagne stattfonnt hat, waren déi un Bierger ausbezuelten Subventiounen aussergewéinlech niddereg. Mir hoffen dass am nächste Joer nei Aktiounen mam Energiepark Reiden a mat myenergy ausgeschafft ginn, déi vum Klimapakt finanzéiert ginn.