background background

Käerjeng

Prise de position relative à la stratégie belge de gestion des déchets nucléaires dans le cadre de la consultation publique transfrontière de l‘ONDRAF

Fir déi gréng ass dësen Dossier natierlech extrem wichteg. An enger Zäit wou op erneierbar a propper Energien gesat gëtt, ass et erstaunlech, dass de Plang vun eisen Noperen, deen déi zukünfteg Politik iwwert de Stockage géologique vun Atommüll fest soll halen, ouni richtegen Debat soll iwwerholl ginn.

Obwuel mir als Noperen direkt impaktéiert kéinte sinn, si mir am Virfeld net an Diskussioune iwwert déi Richtung, déi lo vun der Politik festgeluecht soll ginn, mat agebonne ginn, an dëst obwuel de geologesche Stockage vun Atommüll eventuell virun eiser Dier kéint stattfannen. Et ass eiser Meenung no och schwéier sou eng Decisioun ze huelen, wann net all Detailer bekannt sinn, dat heescht wann nach keng definitiv Siten festgehale sinn. Üblecherweis kuckt ee fir d’éischt op eng Ëmsetzung iwwerhaapt machbar ass, also ob e Site do ass wou sou e Stockage kéint ouni negativ Konsequenzen stattfannen, ier eng Decisioun iwwert de Prinzip geholl gëtt.