background background

Käerjeng

Präsentatioun vum SICONA-Aktiounsprogramm fir 2021

De Joersprogramm fir 2021 ass nees esou ausgeluecht, dass deen vun den Ausgabe vun der Gemeng hier +/- identesch mat de leschte Joeren bleift, an mat 149‘500€ zu Buch schléit.

Well den Ëmweltministère Projete am Zesummenhang mat Biotopen subventionéiert, leit de reell an d’Ëmwelt investéierten Montant vill méi héich.

Wann en plus all déi vun Sicona fir 2021 proposéiert Projete realiséiert géife ginn, dat heescht: all dës nei Biotopen geschafe géife ginn, schwätze mir vun engem Invest an d‘Ëmwelt vun bal 600’000€. Ob déi virgesinn Biotopen awer elo dëst Joer ëmgesat ginn oder net, wäert Näischt um Budget vun der Gemeng änneren, well déi Käschten integral vum Ëmweltfong iwwerholl ginn.