background background

Käerjeng

déi gréng Lëscht fir Käerjeng

Dëst Joer si Gemengewalen. Dann decidéiert Dir, léif Käerjenger Biergerinnen a Bierger, iwwert d’Zukunft vun eiser Gemeng. Wéi wäerten ons Quartieren sech weider entwéckelen? Wéi beweege mir ons am Alldag? Wéi liewe mir zesummen? Mir wëllen zesumme mat Iech iwwer adequat  Léisungen diskutéieren a weider mateneen un enger lieweger a liewenswäerter Gemeng schaffen.

D’Inflatioun, sech verschäerfend Ongläichheeten, e Krich an Europa an eisen Planéit, deem et ëmmer méi schlecht D’Inflatioun, sech verschäerfend Ongläichheeten, e Krich an Europa an eisen Planéit, deem et ëmmer méi schlecht geet, si just e puer vun de Krisen, mat deene mir als Gesellschaft konfrontéiert sinn. Dofir gëtt et ëmmer méi wichteg sech fir eng Transitioun vun eiser Gesellschaft anzesetzen.

Ëmmer méi Biergerinne a Bierger engagéieren sech haut schonns a Veräiner, investéieren an erneierbar Energien, gräifen op den ëffentlechen Transport oder de Vëlo zréck, bauen hir eege Liewensmëttel am Gaart un oder kafen regional an nohalteg Produite. Et gëllt dës Initiativen och um politesche Niveau weider ze ënnerstëtzen.

Mir wëllen Zukunft schafen andeems mir eis Gemeng weider nohalteg entwéckelen.

Eis Kandidatelëscht fir d’Gemengewale vum 11. Juni 2023 besteet aus 7 Fraen an 8 Männer, déi an de fënnef verschiddenen Uertschaften vun der Gemeng wunnen. Eis Spëtzekandidat*inne sinn déi aktuell Schäffin, Josée-Anne SIEBENALER-THILL an de President vun der Verkéierskommissioun, Roger LEPAGE. Den Duerchschnëttsalter läit bei 51 Joer, de jéngste Kandidat ass 23, an den erfuerenste Kandidat ass 64 Joer al. Véier verschidden Nationalitéite sinn op der Lëscht vertrueden. Néng Kandidate hu schonn an der Vergaangenheet u Walen deel geholl a sechs si fir d’éischte Kéier dobäi, wat déi néideg Mëschung aus Erfarung an neien Iddie fir d‘Gemengewalen 2023 garantéiert.