ONSE PROGRAMM FIR KÄERJENG / NOTRE PROGRAMME POUR KÄERJENG
Dëst Joer si Gemengewalen. Dann decidéiert Dir, léif Käerjenger Biergerinnen a Bierger, iwwert d’Zukunft vun eiser Gemeng. An de leschte 24 Joer hunn déi gréng Käerjeng an der Majoritéit matgeschafft fir d’Liewensqualitéit an der Gemeng ze verbesseren, a mir si motivéiert, dee Challenge eiderzeféieren.
2012 sinn d’Gemenge Bascharage a Clemency zu der Gemeng Käerjeng fusionéiert. Duerch Investitiounen an allen 5 Lokalitéite vun der Gemeng ass d‘Attraktivitéit vu Käerjeng eropgaang.
Déi gréng Käerjeng si prett fir d’Erausfuerderungen am Beräich vum Logement, der Mobilitéit an dem Zesummeliewen unzegoen, ouni déi global Erausfuerderunge wéi d’Klima- an d’Energiekris ze vernoléissegen. Mir setzen eis, an Zesummenaarbecht mat de Biergerinnen a Bierger, fir d‘Transitioun vun eiser Gesellschaft an.
D‘Zukunft schafen heescht:
• fir liewenswäert Quartieren suergen, an deene méi Plaz ass fir sech ze begéinen.
• weider u gudden Infrastrukture fir Foussgänger a Vëlosfuerer schaffen an u Verbesserunge vum ëffentlechen Transport an dem Individualverkéier. Dozou gehéiert och de Bau vum Contournement vu Bascharage.
• alles dru setze fir eis Gemeng sou séier wéi méiglech klimaneutral ze maachen andeems mir eisen Offall reduzéieren a nach méi an erneierbar Energien investéieren.
• eis Kanner mat enger qualitativ héichwäerteger Schoul a gudden Betreiungsstrukturen stäerken an och eng Plaz fir déi Jonk realiséieren.
• dofir suergen, datt jiddereen an eiser Gemeng en Doheem fënnt a sech fräi entfale kann.
• weiderhi fir sozialen an abordabele Wunnraum suergen.
Déi gréng Käerjeng si prett fir zesumme mat Iech d‘Zukunft ze schafen andeems mer eis Gemeng op eng nohalteg Manéier weider entwéckelen.
Les élections communales approchent et vous allez décider, chères citoyennes et chers citoyens de Käerjeng, de l‘avenir de notre commune. Au cours des 24 dernières années, déi gréng Käerjeng ont oeuvré au sein de la majorité à l‘amélioration de la qualité de vie dans la commune et nous sommes motivés pour poursuivre ce défi.
En 2012, les communes de Bascharage et de Clemency ont fusionné pour former la commune de Käerjeng. Suite aux investissements dans chacune des cinq localités de la commune, l‘attractivité de Käerjeng a augmenté.
Déi gréng Käerjeng sont prêts à affronter les défis qui se posent en matière de logement, de mobilité et de
cohabitation sans oublier les défis mondiaux comme la crise climatique et énergétique. Il nous tient à coeur de
nous engager pour une transition de notre société, et ceci en collaboration avec les citoyen.ne.s.
Construire l‘avenir, cela signifie :
• veiller à ce que les quartiers soient agréables à vivre et qu‘il y ait plus d‘espace pour les rencontres.
• continuer à travailler sur de bonnes infrastructures pour les piétons et les cyclistes, ainsi qu’à l’amélioration des transports en commun et de la circulation individuelle. La construction du contournement de Bascharage en fait également partie.
• nous engager à rendre notre commune climatiquement neutre le plus rapidement possible, en réduisant nos déchets et en investissant davantage dans les énergies renouvelables.
• renforcer nos enfants avec une école de qualité et de bonnes structures d’accueil et réaliser un lieu pour les jeunes.
• veiller à ce que chacun trouve un chez-soi dans notre commune et puisse s‘y épanouir librement.
• continuer à assurer le logement social et abordable.
Déi gréng Käerjeng sont prêts à construire l‘avenir ensemble avec vous en continuant à développer notre commune de manière durable.
