background background

Käerjeng

Stellungnahm vun déi gréng Käerjeng zu der Resolutioun iwwert de Contournement am Gemengerot zu Käerjeng den 26 Mee 2023

Käerjeng, de 26 Mee 2023

Stellungnahm zu der Resolutioun iwwert de Contournement am Gemengerot zu Käerjeng den 26 Mee 2023

  • De Fait, datt des Resolutioun wäert vun allen Fraktiounen am Gemengerot gestëmmt ginn weist, datt mer eis zu Käerjeng eens sinn an datt et eigentlech keng grondsätzlech Divergenzen um Thema Contournement gëtt.
  • Déi gréng sinn am Dossier vum Contournement och ëmmer op enger Linn bliwwen. Dat heescht e kloren JO zum Contournement fir Gesondheet vun de Leit ze schützen an och ze erlaben iwwert de Réckbau vun der Avenue de Luxembourg d’Liewensqualitéit an all eisen Uertschaften ze verbesseren.
  • Déi gréng Käerjeng hunn sech awer och ëmmer dofir agesat, datt den Impakt op d’Natur esou kleng wéi méiglech gehale muss ginn. Engersäits an deem een kuckt esou wéineg wéi méiglechst Natur ze zerstéieren an anerersäits an deem dat wat futti gemaach gëtt quantitativ a qualitativ kompenséiert gëtt. Et geet dorëms, e gudden Equiliber ze fannen tëschent dem Bau vun enger Strooss fir d’Liewensqualitéit vun de Käerjenger Bierger ze verbesseren an dem Impakt op eis Natur ze minimiséieren.
  • Dofir stinn déi gréng Käerjeng enger Variant déi manner Impakt op d’Natur huet och positiv géigeniwwer an dofir hu mer eis och net géint déi proposéiert Tunnelvariant ausgeschwat, besonnesch net ouni se am Detail presentéiert kritt ze hunn. Mär wëllen och kloer stellen, datt mer hei am Gemengerot ni eng Tunnelvariant eestëmmeg ofgelehnt hunn, wéi dat fälschlecherweis am Pressecommuniqué vun der Gemeng steet.
  • Mär hu bewosst eng positiv kritesch Positioun ageholl, allerdéngs hu mer och kloer gesot, datt dëst net dierft zu gréisseren Retarden vum Bau vum Contournement féieren.
  • Déi gréng wëllen och nach eng Kéier ervirsträichen, datt de Mobilitéits- an Infrastrukturminister sech ganz kloer en Faveur vum Contournement ausgeschwat huet. Deen ass jo och ee Puzzel Stéck vum Plan national de Mobilité 2035. Et ass een Deel vun der Léisung fir de Verkéiersproblem zu Käerjeng an am Kordall. De Minister huet och confirméiert, datt en wëll schnell viru kommen am Dossier, mee datt en wëll, datt den Dossier juristesch sécher ass.
  • Hei schéngt et eis awer och wichteg nach eng Kéier ze erklären fir wat de Ministère Verbesserungen vum Tracé, respektiv nach aner Tracéen ënnersicht. Den Avis juridique vum Maître Kinsch huet 2 Haaptpunkten opgeworf. Engersäits muss d’Raison impérative d’Intérêt public majeur nei argumentéiert ginn, well d’Haaptargument, dat heescht d’NOXen mëttlerweil ënnert dem Seuil vun der EU sinn, wat net heescht, datt se net méi gesondheetsschiedlech sinn. An anerersäits muss awer och den Intérêt fir d’Erhalung vum Gebitt, dat vun der Realiséierung vum Contournement betraff ass, berécksiichtegt ginn. De Minister huet drop insistéiert, datt hee wéilt fir eng Sécurité juridique suergen fir net de Bau vun de Geriichter gestoppt ze kréien, mam Risiko, datt de Bau komplett gestoppt gëtt.
  • Mär begréissen, datt de Minister kloer gesot huet, datt hien bis virun der Summervakanz wéil 3 Scénarien am Conseil de Gouvernement presentéieren, datt deen eng Décisioun hellt wéi et soll weider goen.
  • Mär begréissen awer och, datt den Dossier soll op juristesch méi sécher Féiss gestallt ginn, datt en och wierklech ka gebaut ginn.
  • Aus all dëse Grënn stëmmen déi gréng Käerjeng dëser Resolutioun zum Contournement zou.

Déi gréng Käerjeng