Bob Kieffer

- Étudiant: Politique Européenne (Relations Extérieures)
- 24 ans, Bascharage
Am leschte Joerzéngt sinn eng ganz Rëtsch un Defi’en ob ons Welt zoukomm: d’Scholdekris, eng spierbar Wunnengsnout, mee virun allem och de Klimawandel stellen eng akut Bedrohung fir ons duer. Well des Problemer mateneen zesummenhänken, si Motivatioun an Zesummenaarbecht esou wichteg ewéi ni — an dat fänkt um lokalen Niveau un. An dësem Kader ass eng Stëmm fir mech net nëmmen en Zeeche vu Support am Kampf géint de Klimawandel an déi domadder verbonne Ramifikatioun, mee et ass och eng Stëmm fir nach gréisser Inklusivitéit, an nach gréisser Kollaboratioun an eiser Gemeng.
