Fränk Prim

- Étudiant: B.Sc. Informatique Médicale
- Chef: Käerjenger Guiden a Scouten
- 23 ans, Hautcharage
Eng Gemeng an där sech Kanner a Jugendlecher doheem fillen ass mir wichteg. Et ass un ons dofir ze suergen, dass déi nächst Generatioun och nach d’Natur an onser Gemeng wäertschätze kann. Am Kader vun der Kanner- a Jugendaarbecht musse mir der jonker Generatioun begräiflech maache wéi si och eppes zum Klimaschutz bäidroe kënnen. Mat Projete wéi engem pedagogesche Bongert oder engem Ëmweltdiplom kann een dat verwierklechen. Sou wéi et der Mënschheet bewosst muss sinn dass et just eng Äerd gëtt, musst et eis als Käerjenger Bierger kloer sinn dass mir och nëmmen ons Gemeng hunn.
