Véronique Calamida-Vercaemer

- Ergothérapeute
- Membre de la commission de la jeunesse, du 3ème âge et des loisirs; commission de l’environnement; commission de surveillance de l’école de musique
- Coordinatrice du Jardin Communautaire de Käerjeng
- Membre de "Frënn vun der Uewerkäerjenger Musék“
- Bénévole à la Weltbuttek d‘Esch/Alzette
- 59 ans, Hautcharage
Ech engagéiere mech fir eng résilient an nohalteg Gemeng. Als Coordinatrice vum Käerjenger Gemeinschaftsgaart leie mir d’Zesummeliewen, d’Solidaritéit, den Austausch vu Wëssen a Kompetenzen am Beräich vum Bio-Geméisbau an d’Sensibiliséierung fir d‘Ëmwelt um Häerz. Gemeinschaftsgäert hunn e positiven Impakt op d'Ëmwelt: Reduzéiere vum CO2-Ofdrock, kee Gebrauch vu Pestiziden, Recycling vun organesche Stoffer, effizienten Ëmgang mam Waasser, Notze vu lokalem net-genmanipuléiertem Som, asw. Sou droen si zum Erhale vum Buedem, vun de Ressourcen a vun der Biodiversitéit bäi.
