Josée-Anne Siebenaler-Thill
- Gemengeconséillère
FONCTION : Gemengeconséillère a Presidentin vun déi gréng Käerjeng
PROFESSION : Sportsproff
LOCALITÉ : Hautcharage
55 Joer, bestuet, 3 Kanner
Fräizäit: Gaart, Liesen, Reesen
- Member vu Käerjeng hëlleft
- Member vum Fairtrade-Grupp
Mam gudde Beispill virgoen a sech asetzen fir eng lieweg, autark Gemeng
Nëmmen ze lamentéieren hëlleft näischt, dofir wollt ech aktiv ginn an hunn 1999 fir d’éischte Kéier kandidéiert. Ech hunn mech fir déi gréng decidéiert, well mir de Prinzip vun der basisdemokratescher Partei wichteg war an d’Ecologie an de Kampf géint Atomkraaft mir nach ëmmer um Häerz louchen.
Zu den Theme fir déi ech mech asetze gehéieren d’Ecologie, erneierbar Energien, Schoul, Maison Relais, Jugend an Drëtten Alter, Mobilité douce fir jiddereen. Andeem mir Käerjeng an deene Beräicher stäerken, entwéckele mir eis Gemeng vun enger Duerchfahrtsgemeng zu enger ëmmer méi lieweger an autarker Gemeng.