background background

Käerjeng

Richtegstellung zu den Falsch-Aussoen vun der CSV Käerjeng zum Contournement vu Bascharage

An engem Courrier adresséiert un verschidden Awunner vun der Gemeng Käerjeng schreift de Buergermeeschter Michel Wolter:

“Déi lescht Wochen ronderëm déi onsäglech nei Contournements-Diskussioun, wou versicht gëtt dëse Projet mat allen Mëttelen ze verhënneren, hu gewisen …… “

Als déi gréng Käerjeng kënnen mär des Ausso net esou stoen loossen. De Michel Wolter an d’CSV Käerjeng probéieren zanter Wochen a Méint déi gréng ze ënnerstellen, datt si de Contournement wéilten verhënneren. Dëst ass awer absolut net de Fall. Souwuel déi gréng Käerjeng wéi den gréngen Mobilitéits- an Infrastrukturminister hunn sech ëmmer kloer fir eng schnell Ëmsetzung vum Contournement vu Bascharage ausgeschwat fir d’Gesondheet vun de Leit ze schützen an ze erlaben, iwwert de Réckbau vun der Avenue de Luxembourg, d’Liewensqualitéit an all eisen Uertschaften ze verbesseren.

Déi gréng Käerjeng hunn dozou op verschiddenen Plazen Positioun geholl. Dëst nach den 26 Mee 2023 wou mer am Gemengerot zesummen mat all deenen aneren Fraktiounen eng Resolutioun zum Contournement ugeholl hunn. Eis ass et wichteg, datt de Contournement schnell ka gebaut ginn, datt en dofir op juristesch sécheren Féiss steet an datt den Impakt op d’Natur sou kleng wéi méiglech ass. Eis Positioun, déi sech nach ni geännert huet, kënnt der hei noliesen:

Stellungnahm vun déi gréng Käerjeng zu der Resolutioun iwwert de Contournement am Gemengerot zu Käerjeng den 26 Mee 2023

Pressecommuniqué vum 5 Mäerz 2023

Da wéilte mer awer och nach eng Kéier drun erënneren, dass et de grénge Mobilitéitsminister war deen de Contournement iwwerhaapt mol richteg ugepaakt, d’Finanzéierung séchergestallt an och duerch all d’Instanze bruecht huet. De Contournement ass ee Puzzelstéck vum Plan national de Mobilité 2035 an domat een Deel vun der Léisung fir de Verkéiersproblem zu Käerjeng an am Kordall.

Déi gréng sinn de Garant fir de séieren Bau vum Contournement. Dofir brauchen mer awer weiderhin eng konstruktiv Zesummenaarbecht tëschent all de Parteien a keng bëlleg Walkampfpolemik.